Muppenhaus

Rocio haat op sengem Terrain bei sengem Haus nach en Deel Terrain deen eidel war. Hei war schon mol eng Keier en festen Droht ronderem gemeet gin, mee mei net. Hatt huet eis gefrot op mer et keinten ennerstetzen fier do en Muppenhaus ze bauen.September 2016

 

Wie mer eisen Accord bis gin haaten, du nass et ganz seier mat den Bauaarbeschten ugaangen. Et gouf Material kaaf an et ass gebaut gin.

 

Och hun mer eis net blann an en Projet gestierzt. Trotz dass mer schon seit Joeren mam Rocio schaffen, hun mer mat him en Kontrakt ausgehandelt. Hei wellen mer och emmer Matsproocherecht hun waat mat eisen Muppen ass an ween no hinnen kucken dierf.

 

Sou ass Rocio ofgesechert an mer och.

 

Duerch fleisseg Kollegen stoung eist Haischen ganz schnell.

 

September-November 2016

 

Wisou sou en Muppenhaus?
Emmer rem kreien mer krank Muppen eran oder Mudderen mat hieren Jongen. Sou kennen sie an een vun den 5 Zwinger plenneren an kennen an Rouh ukommen. Duerch den Droht kennen sie die Muppen kennenleieren die schon do lierwen, ouni awer an Gefor ze sin resp ouni aaner Muppen mat enger Krankheet unzestierchen. Mammen mat hieren Klengen hun Meiglechkeet sech zreckzezeihen an an Rouh no hieren Jongen ze kucken.

 

Och ass et eng Secherheet fier Rocio an Muppen, wann mol zwee net mateneen eenz gin aus weiengem Grond och emmer, fier se vun eneen ze trennen an sou och ze schützen.

 

Bannen am Muppenhaus ass alles mat Plättercher ausgeluercht, dest fier Botzen mei einfach ze machen. Hei kann een direkt mam Schlauch Waasser eranbotzen goen. Och kommen nach Plättercher un Mauer sou ongefeier en halwen Meter an Luut fier dass Hygien hei keen Problem ass.

 

Dieren sin aus Gitteren, dest ass extra sougemeet, dass wann et am Wanter sollt ze kaal dobannen sin, dass een en Uerwen kann an den Gank setzen an Feier machen kann an Hetzt an all den Zwingeren zirkuleieren kann.

Februar 2017