E groussen Merci un d'Schüler vum LTB dei am Kader vun engem Schoulprojet den Second Hand for Second Chance organiseiert hun. Sie hun sech vill Arbescht gemaat an hun en super Resultat erzielt. Den Erleis vun desem Second Hand spenden sie integral un eis spuenesch Henn. Vilmols Merci un Deborah Schmit, d' Béatrice Biever an d'Vanessa Georg vir den leiwen Geste an och vir dei Arbescht dei dir iech gemaat hudd vir eis ze ennerstetzen.


1.-6. Schouljoer vun der Primärschoul Zeisseng haaten sech mam Thema Deiereschutz befaast, an fier mei doriwer gewuer ze ginn wei den Deierenschutz funktioneiert, haat hier Joffer Jessica 2 Organisatiounen agelueden sech an der Schoul fierzestellen. Sou waren Nadine an den Jimmy vun Helping Hands an den Angelo mam Lola an Carine vun Pets Angels dohinner an haaten en flotten Moien mat den Kanner. Merci un Schoulpersonal an Kanner, besonnech un Jessica dass mär bei iech konnten kommen, fier mat iech iwert eis Aarbescht ze schwätzen. An merci och un Kanner, dei an den nächsten Deeg nach Aktiviteiten starten fier Suen fier eis Deieren ze sammelen! 

 

 


 D'Virstellung vun den Verainer war den 1 Deel vun desem Projet. Weider as et domat gaang, dass d'Kanner en Vélos Projet ab den 13. Juni ugefaang hun. Sie wollten 1000Km Vélo fueren, vir all gefuerenen Kilometer as 1 € zesummen komm. Et as Reklamm gemaat gin an freiwelleger sin gesicht gin vir ze partizipeieren.

 

 


Projet "WOOF" am LTB 
Bei desem Projet konnten d'Asiler an dei verschidden Deierenschutzverainer hier Verainer am LTB virstellen.
Mir haaten hei en Informatiounsstand.