Mir goufen vun dem Romy Schanen an den Lycée Aline Mayrisch agelueden vir an senger 7ième Klasse iwer Deierenschutz ze schwätzen. Natierlech waren och e puer Muppen dobei, sie hun sech erem vun hierer beschter Sait gewisen an den Schüler vill Freed gemaat. Mir hun dierften eis Organisatioun an och eis Arbescht virstellen. Den Scheinen an och den manner scheinen Deel an der alldeeglecher Arbescht mat den Deieren. No eiser Visite mecht d'Klasse en Projet zu eisen Gonschten bei dem mir gaer och selwer mat aktiv gin. All dei vill schein Fotoen goufen gemaat vum Här Patrick Gloden, villmols Merci. En groussen Merci vun eis vir den leiwen Empfang, vir aert Interessi um Deierenschutz an un eiser Arbescht. Merci Mme Schanen vir aer Ennerstetzung an eiser Opklärungsarbescht.