Laut letzeboieschem Gesetz dierf en erwuessen Hond ab 3 Meint an 21 Deeg an Letzebuerg areesen.
Vir legal an d'Land anzereesen, brauchen se allerdings en Pass, en Chip an eng gülteg Tollwutimpfung vun mindestens 21 Deeg.

En Hond den iwer Pets Angels Luxembourg Asbl. vermettelt get huet emer en ugemellten Chip, en Pass, eng gülteg Tollwutimpfung, seng Impfung geint d'Hondskränkten an demno mat weiengem Alter dass Deier fonnt gin as, 3 Welpenimpfungen. 


Eis Henn ab 6 Meint gin nach an Spuenien kastreieren geloss. 

Eh eis Henn op Letzebuerg an hier Famillien reesen, lossen mir och eng Blutanalyse op Mettelmierkrankheeten maachen. Des get an engem Laboratoire

 

ausgewert an d'Adoptanten kreien des Resultater  och am Viraus matgedeelt an Dokument aus dem Labo mat dem Schutzvertrag.